FAQ

FAQ

​D’Mediatioun ass eng aussergeriichtlech Regelung vu Konflikter, wou eng onofhängeg an onparteiesch Drëttpersoun (Mediateur) de Parteien (Demandeur an Defendeur vun der Mediatioun) hëlleft eng Léisung ze fannen. De Service ass gratis, schnell an einfach.

​De Mediatiounsservice ass vollkomme gratis.

​E Konsument, deen zu Lëtzebuerg oder an der EU wunnt, kann eng Mediatioun géint e Professionnellen (Operateur, Stroum-/Äerdgasbedreiwer, Stroum-/Äerdgasliwwerant oder Ubidder vu postaleschen Déngschtleeschtungen) mat Sëtz zu Lëtzebuerg areechen, sou wéi e Professionnellen eng Mediatioun géint e Konsument, deen zu Lëtzebuerg wunnt, areeche kann.

Konflikter tëschent zwee Konsumenten oder tëschent zwee Professionnelle sinn ausgeschloss.

De Service national du Médiateur de la consommation (SNMC) huet ënner anerem d‘Missioun bei Ufroen zur aussergeriichtlech Regelung vu Sträitfäll tëschent Konsumenten a Geschäftsleit, anzegräifen.

D'Commission Luxembourgeoise des Litiges de Voyages (CLLV) beaarbecht Konflikter a Bezuch op Pauschalreesen an op all aner Déngschtleeschtungsverträg, déi vun engem Reesbüro mat Sëtz zu Lëtzebuerg, ofgeschloss gi sinn.

D'Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) befaasst sech mat Reklamatioune vu Cliente géint Professionneller aus dem Banken- a Finanzsecteur.

D'Chambre immobilière du Grand-Duché de Luxembourg (CIGDL) ass fir den Immobiliemarché zoustänneg.

D'Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité (FEDAMO) verdeedegt d'Interête vun Entreprisen, déi mat Autoen handelen an e Service après-vente heifir ubidden.

De Médiateur en assurances léist Konflikter am Versécherungswiesen.

De Centre de Médiation Civile et Commerciale (CMCC) ass responsabel fir zivil- an handelsrechtlech Konflikter.


​D’Reklamatioun ënnerläit kenger bestëmmter Form, se muss just schrëftlech agereecht ginn. D’Reklamatioun kann en einfache Bréif, en ageschriwwene Bréif oder eng E-Mail sinn. Et ass allerdéngs noutwenneg eng Kopie vun der Reklamatioun bei d’Mediatiounsufro bäizeleeën.

​Et gëtt kee virgeschriwwenen Delai. Am Allgemenge gëtt geroden zwou Wochen ze waarden, éier een de Mediateur mat enger Ufro befaasst. Et ass wichteg, der Géigepartei genuch Zäit fir ze äntweren ze loossen.

​All obligatoresch Felder um Formulaire mussen ugekräizt ginn, soss kann d’Ufro net ugeholl ginn. De Formulaire muss komplett an der gewielte Sprooch ausgefëllt, datéiert an ënnerschriwwe ginn.

​Dir musst dem Mediateur all déi Dokumenter erareechen, déi zur Analys an zum Verständnes vum Konflikt bäidroe kënnen. Dir musst dem Mediateur eng Kopie vun der schrëftlecher Reklamatioun un déi aner Partei an deem seng Äntwert dorop (wann et eng gëtt) schécken. Dir sollt ausserdeem eng Kopie vun allen aneren Dokumenter, déi de Konflikt beleeën un de Mediateur weiderleeden, zum Beispill: Rechnungen, Kontrakt, “conditions générales de vente”, Korrespondenz an aner Dokumenter, déi Äre Schued beleeën a bezifferen.

D’Mediatiounsprozedur ass fräiwëlleg, de Mediateur huet keng Mëttel fir den Defendeur zu enger Mediatioun ze zwéngen. Dir hutt d’Méiglechkeet, Iech un d’Union Luxembourgeoise des Consommateurs (www.ulc.lu) oder un de Centre Européen des Consommateurs Luxembourg (cecluxembourg.lu) ze wenden, déi Iech juristesch berode kënnen oder en Affekot ze kontaktéieren (www.barreau.lu).

​De Rechtswee bleift ëmmer op fir d'Parteien. Mee soubal dësen agaang ginn ass, verléiert de Mediateur vum ILR seng Zoustännegkeet.

​Nee. D’Léisungspropos vum Mediateur ass – wéi den Numm et seet – nëmmen eng Propos. Se ass net obligatoresch fir béid Parteien.

​Ab dem Erhalt vun der Léisungspropos hutt Dir d’Méiglechkeet se unzehuelen oder ofzeleenen. Jiddwerfalls musst Dir de Mediateur an engem Delai vu maximal zwou Wochen iwwert Är Decisioun informéieren.

Wann Dir d’Léisungspropos ofleent, gëtt d’Mediatioun duerch e procès-verbal d’échec ofgeschloss a kann net rëm opgeholl ginn. Dir hutt awer nach d’Méiglechkeet eng geriichtlech Plainte anzereechen, fir de Konflikt ze léisen.

​En “tribunal arbitral” besteet aus engem oder méi Arbitteren, déi sech mat engem Konflikt befaassen deen d’Parteien hinnen ënnerbreet hunn. Dës Arbitteren huelen eng Decisioun, déi fir d’Parteien obligatoresch ass.