contenu | | https://author.ilr.lu/mediation/LU/Mediation/Informations-utiles/Le-deroulement-de-la-procedure/Pages/contenu.aspx | contenu | | | | |
Konditiounen, déi ee muss erfëllen éier een eng Ufro erareecht

De Mediateur kann nëmmen agräifen, wa folgend Konditiounen erfëllt sinn:

et muss e Konflikt tëschent engem Professionellen aus dem Beräich vun den elektronesche Kommunikatiounsservicer, der Energie (Stroum an/oder Äerdgas) oder de postaleschen Déngschtleeschtungen an engem Konsument existéieren, deen aus engem Kontrakt entstanen ass (e Konflikt tëschent zwee Konsumenten oder tëschent zwee Professionellen ass ausgeschloss);

de Konsument oder Professionellen, deen eng Mediatiounsufro erareecht, muss am Viraus eng schrëftlech Reklamatioun u säi Vertragspartner adresséiert hunn. Wann dës Reklamatioun no engem raisonnabelen Delai onbeäntwert bliwwen ass, oder d’Äntwert hien net zefridde stellt, kann hien eng Mediatiounsufro areechen;

keng geriichtlech Prozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn;

keng Mediatiounsprozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass beim ILR am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn;

keng Prozedur am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass bei enger anerer Mediatiounsentitéit wéi déi vum ILR oder bei engem “Tribunal arbitral” am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn.

De Mediateur ass verflicht eng Mediatiounsufro ze refuséieren, wann eng eenzeg vun den uewe genannte Konditiounen net erfëllt ass oder wann hien der Meenung ass, datt de Konflikt besser virun enger geriichtlecher Instanz geregelt kéint ginn. De Refus vun enger Mediatiounsufro gëtt schrëftlech begrënnt.

Wéi reecht een eng Mediatiounsufro an ?

Um Ufank vun der Prozedur, hutt Dir zwou Méiglechkeeten:

Online-Ufro;

postalesch Ufro.

Fir eng Mediatioun online unzefroen, follegt w.e.g. den Uweisungen ënner dësem Link: Online-Mediatioun

Fir eng Mediatioun per Post anzereechen, fëllt w.e.g. eise Formulaire vum entspriechende Secteur aus (elektronesch Kommunikatiounsservicer, Stroum an/oder Äerdgas oder postalesch Déngschtleeschtungen). All eis Formulaire fannt Dir jeeweils an den dräi administrative Sprooche vu Lëtzebuerg an der Rubrik “Formulairen”.

De Formulaire muss komplett ausgefëllt, datéiert a vum Demandeur ënnerschriwwe ginn. All d’Ënnerlage mussen als Beweis bäigeluecht ginn, fir datt de Mediateur all déi néideg Dokumenter a sengem Dossier huet.

D'Mediatiounsufro muss mat allen Ënnerlagen un d’Adress vum ILR zeréckgeschéckt ginn:

INSTITUT LUXEMBOURGEOIS DE RÉGULATION

Sëtz : 17, rue du Fossé - L-1536 Luxembourg

Postadresse : L-2922 Luxembourg

Sprooch vun der Prozedur

D‘Mediatiounsprozedur gëtt op franséisch, däitsch oder lëtzebuergesch ofgehalen. Duerch säi Choix vun engem Formulaire entscheed den Demandeur sech fir eng Sprooch. Dës Sprooch gëtt während der ganzer Mediatiounsprozedur benotzt. D’Sprooch kann net spéider gewiesselt ginn an et kënnen och net e puer Sprooche benotzt ginn.

D’Dauer vun der Mediatiounsprozedur

An engem Delai vun 90 Deeg ab dem Empfank vun der kompletter Mediatiounsufro, deelt de Mediateur de Parteien d’Resultat vun der Mediatiounsprozedur duerch e begrënnte procès-verbal mat. Den Delai ka vum Mediateur verlängert ginn, wann de Konflikt méi komplex ass.

Béid Parteien hunn d’Recht, sech zu all Moment vun der Mediatiounsprozedur zeréckzezéien, soulaang de Mediateur an déi aner Partei an engem raisonnabelen Delai a schrëftlech doriwwer informéiert ginn.

Déi wesentlech Phasen am Oflaf vun enger Mediatiounsprozedur

D’Mediatiounsprozedur ass an dräi grouss Phasen ënnerdeelt, wou d’Parteie probéieren eng gemeinsam Léisung ze fannen.

1. Déi schrëftlech Phas

Déi schrëftlech Phas ass déi éischt Phas an der Mediatiounsprozedur.

De Mediateur vermëttelt de kompletten Dossier, deen e vum Demandeur krut un den Defendeur a gëtt him en Delai vu maximal zwou Woche fir eng schrëftlech Stellungnam dozou ofzeginn.

Zwou Situatioune kënnen optrieden:

den Defendeur refuséiert un der Mediatioun deelzehuelen a motivéiert dës Decisioun, et kënnt zu engem Echec vun der Prozedur;

den Defendeur acceptéiert un der Mediatioun deelzehuelen a gëtt seng Stellungnam of, wat zum Start vun der Mediatioun féiert.

Wann d’Prozedur mat der Acceptatioun an der Stellungnam vum Defendeur ufänkt, schéckt de Mediateur se un den Demandeur weider a gëtt him och en Delai vun héchstens zwou Woche fir drop ze äntweren.

No der Replik vum Demandeur, freet de Mediateur eng lescht schrëftlech Stellungnam vum Defendeur, déi och an engem Delai vun net méi wéi zwou Wochen agereecht muss ginn.

Nom Empfank vun der leschter Äntwert vum Defendeur, stellt de Mediateur als éischt d’Enn vun der schrëftlecher Prozedur fest.

Wa sech no enger weiderer Analys vum Dossier a vun alle Stellungnamen erausstellt, datt nach keng Léisung tëschent de Parteie konnt fonnt ginn, kann de Mediateur, wann hien et fir néideg hält, béid Parteien zu enger Auditioun alueden. Dës Auditioun stellt déi zweet Phas an der Prozedur duer.

Bemierkung:

D’Stellungname sinn ëmmer un de Mediateur geriicht, dee se un déi jeeweileg Partei weiderschéckt. Stellungnamen, déi de Mediateur nom Oflafe vum Delai kritt, ouni datt eng Verlängerung gefrot ginn ass, ginn net berücksichtegt. D’Prozedur gëtt an dësem Fall duerch e procès-verbal d’échec ofgeschloss.

2. D'Auditioun (Unhéierung)

Innerhalb vun engem Delai vu maximal zwou Wochen, convoquéiert de Mediateur béid Parteie fir un enger Auditioun an de Raimlechkeete vum ILR deelzehuelen. Während dëser Auditioun kënne béid Parteien iwwer de Konflikt diskutéieren a probéieren eng Léisung ze fannen.

Fir de Fall wou d’Parteien eng Eenegung fanne konnten, hält de Mediateur se schrëftlech an engem procès-verbal de fin fest a schléisst esou d’Mediatiounsprozedur of.

Wann et zu kenger Eenegung kënnt, leet de Mediateur déi drëtt a lescht Phas vun der Mediatiounsprozedur an.

Et ass ze bemierken, datt de Mediateur während den éischten zwou Phasen net an der Léisung vum Konflikt aschrëtt. Hie stellt just d’Regularitéit vun der Prozedur fest a spillt d’Roll vum Vermëttler tëschent den zwou Parteien. Hie léisst d’Parteie selwer an eleng no enger Léisung sichen.

Bemierkung:

Béid Parteie musse bei enger Auditioun virstelleg ginn. Falls eng Partei sech net zur Auditioun presentéiert oder sech vertriede léisst, gëtt d’Mediatiounsprozedur duerch e procès-verbal d'échec ofgeschloss. Béid Parteie sinn awer dozou berechtegt, eng Verschibung vun der Auditioun unzefroen, wann se den éischten Termin net anhale kënnen. D‘Verschibung muss op mannst dräi Deeg virum Termin vun der Auditioun ugefrot ginn. Wann et sech allerdéngs ëm e grenziwwerschreidende Konflikt handelt, deen duerch d‘Ofschléisse vun engem Online-Kontrakt entstanen ass, dann ass d’Auditioun net obligatoresch a fënnt just statt wa béid Parteien hiert Averständnes fir eng Auditioun ginn hunn.

3. D'Léisungspropos

Wa keng Eenegung während den éischten zwou Phase vun der Prozedur fonnt ginn ass, verfaasst de Mediateur eng Léisungspropos. D’Léisungspropos gesäit vir, op wéieng Regelen de Mediateur sech baséiert. Deemno kann de Mediateur op rechtlecher oder op gerechter Basis eng Léisung virschloen. De Mediateur leet d’Léisungspropos u béid Parteie weider an accordéiert hinnen erëm en Delai vun zwou Woche maximal fir him schrëftlech matzedeelen, ob si d’Propos acceptéieren oder refuséieren.

Wann eng oder allen zwou Parteien d’Léisungspropos vum Mediateur refuséieren oder si dem Mediateur keng Äntwert während dem Delai vun zwou Woche ginn, gëtt den Echec vun der Mediatiounsprozedur an engem procès-verbal d'échec festgehalen.

Deemno kënnt et just duerch d’Unhuele vun der Léisungspropos vun allen zwou Parteien zu engem procès-verbal de fin.

D’Léisungspropos vum Mediateur ass net obligatoresch fir d’Parteien. Si kënnen se unhuelen an d’Empfeelunge befollegen oder net.

4. Ofschloss vun der Mediatiounsprozedur a Konsequenzen

D’Mediatiounsprozedur kann deementspriechend op verschidden Aart a Weisen ofgeschloss ginn:

duerch e procès-verbal de fin, wann d’Parteien eng Eenegung während enger vun den éischten zwou Phase fonnt hunn;

duerch e procès-verbal de fin, wa keng Eenegung während den éischten zwou Phase konnt fonnt ginn an eng Léisungspropos an der drëtter Phas vum Mediateur verfaasst a vu béide Parteien ugeholl ginn ass;

duerch e procès-verbal d’échec, wann eng Partei net méi mat der Mediatiounsprozedur weiderfuere wëll oder si keng Stellung méi geholl huet am Delai, deen hir zur Verfügung gestallt ginn ass;

duerch e procès-verbal d’échec, wann eng oder béid Parteien d’Léisungspropos vum Mediateur net unhuelen;

Eng nei Mediatiounsufro am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass nom Ofschloss vun der Mediatiounsprozedur net méiglech.

Béid Parteie behalen awer d’Méiglechkeet geriichtlech Schrëtt anzeleeden.
| Médiation | 5/31/2016 10:00:00 PM | | 2016-11-14T15:17:01Z |