De Mediateur

contenuhttps://author.ilr.lu/mediation/LU/Mediation/Informations-utiles/Le-mediateur/Pages/contenu.aspxcontenu
​Wat versteet een ënner enger Mediatioun?

D’Mediatioun, déi vum Institut Luxembourgeois de Régulation (kuerz « ILR ») ugebuede gëtt, ass eng aussergeriichtlech Prozedur, wou en onofhängegen Drëtten (Mediateur) de Parteien (Demandeur an Defendeur vun enger Mediatioun) hëlleft eng Léisung zu hirem Konflikt ze fannen.

D’Mediatiounsprozedur ass fräiwëlleg, gratis a séier.

Wee kann eng Mediatioun areechen a géint wien kann se agereecht ginn?

E Konsument, deen zu Lëtzebuerg oder an der EU wunnt, kann eng Mediatioun géint e Professionnellen (Operateur vun elektronesche Kommunikatiounsservicer, Stroum-/Äerdgasbedreiwer, Stroum-/Äerdgasliwwerant oder Ubidder vu postaleschen Déngschtleeschtungen) mat Sëtz zu Lëtzebuerg areechen, sou wéi e Professionnellen eng Mediatioun géint e Konsument, deen zu Lëtzebuerg wunnt, areeche kann.

Konflikter tëschent zwee Konsumenten oder tëschent zwee Professionnelle sinn ausgeschloss.

Qualitéit vun der Mediatioun

Den ILR ass eng qualifizéiert Entitéit vun der aussergeriichtlecher Regelung vu Consommatiounslitigen am Sënn vum Artikel L-431-1 vum Code de la Consommation.

D’physesch Persounen, déi sech em d’Mediatioun këmmeren, si spezialiséiert Staatsbeamte vum service juridique vum ILR. Si erfëllen hir Missiounen an Onofhängegkeet an Onparteilechkeet a verfügen iwwer dat néidegt Wëssen, Fäegkeeten an Erfarunge fir d’Roll vum Mediateur ze iwwerhuelen.

Déi concernéiert Secteuren

Déi dräi Secteuren, an deenen eng Mediatioun méiglech ass, sinn:

elektronesch Kommunikatiounsservicer;

Energie (Stroum an/oder Äerdgas);

postalesch Déngschtleeschtungen.

Kontakt

Mediatiounsservice

mediation@ilr.lu

Tel. : (+352) 28 228 444

Médiation5/31/2016 10:00:00 PM2021-04-13T06:53:25Z