Transparenzkrittären

Transparenzkrittärenhttps://author.ilr.lu/FR/ILR/Calculix/LU/Transparenzkrittaren/Pages/Transparenzkrittären.aspxTransparenzkrittären
D'Stroumdirektive fuerdert am Artikel 14, zu den Instrumenter fir de Präisvergläich, datt op d'mannst Stéit, a kleng Entreprisen mat engem geschate Joresverbrauch vu manner wéi 100.000 kWh, gratis Zougang hunn op wéinstens een Instrument dat et erlabt Offere vun Liwweranten ze vergläichen, dorënner och dynamesch Produiten. D'Clienten ginn iwwer d'Verfügbarkeet vun dësen Vergläichsméiglechkeeten informéiert, sief et op hirer Rechnungen, oder op anerem Wee. Esou e Vergläichsportal erfëllt op d'mannst folgend Krittäre:

a) si sinn onofhängeg vu aneren Acteuren um Maart, a stelle sécher datt eng Entreprise wéi déi aner behandelt gëtt;

b) si weisen kloer d'Identitéit vun hire Besëtzer a vun der natierlecher oder juristescher Persoun, déi de Vergläichsportal bedreift a kontrolléiert, a liwwert Informatioun iwwer d'Finanzement vum Portal;

(c) si weisen déi kloer an objektiv Krittären aus, op Basis vun deenen de Vergläich gemaach gëtt, oder aner Déngstleeschtungen offréiert ginn;

d) si benotzen eng kloer an eendeiteg Sprooch;

e) si bidden korrekt an aktuell Informatiounen un, a ginn den Datum an d'Zäit vun der leschter Aktualiséierung un;

f) si sinn fir Leit mat Behënnerungen zougänglech andeems se sichtbar, steierbar, verständlech a robust gestalt sinn;

(g) si gesinn eng effikass Prozedur vir, fir ongenee Informatioun iwwer verëffentlecht Offeren ze mellen; an

h) si gestalten de Vergläich esou datt se sech just op perséinlech Donnéeë limitéieren, déi fir de Vergläich zwengend noutwendeg sinn.

De Calculix entsprécht dëse Krittären folgendermoossen:

a)       De Site calculix.lu gëtt vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) bedriwwen. Den Institut ass eng onofhängeg an onparteiesch ëffentlech Autoritéit déi als Établissement public, finanziell an administrativ Autonomie genéisst. Als Regulateur vun de Stroum- an Gasmäert zu Lëtzebuerg, ass den ILR neutral an transparent. Den ILR schützt d'Interesse vum Konsument a suergt fir de gudde Fonctionnement vun de Mäert op der Basis vun enger effikasser an nohalteger Konkurrenz, a garantéiert och de Service universel. Méi Informatioun dozou, op eisem Site.

b)      D'Sektioun "Dateschutz" gëtt weider Detailer zum Bedreiwer vum Calculix.
A senger Roll als Regulateur, bedreiwt den ILR de Calculix a voller Neutralitéit, an ouni kommerziell Hannergedanken. De Calculix gëtt vum ILR finanzéiert.

c)       Ënnert Wichteg Bemierkungen, gëtt d'Berechnungslogik vum Calculix virgestallt.

d)      De Calculix benotzt eng kloer an eendeiteg Sprooch, a gängeg Begrëffer ginn direkt am Calculix oder op der Säit Wichteg Bemierkungen erkläert.

e)      De Calculix bitt korrekt Informatiounen un, déi ëmmer um lescht Stand sinn. D'Liwweranten mussen den ILR informéieren soubal et Upassungen vun de Konditiounen oder de Präisser vun engem vun hiere Produite gëtt. Kee Präis gëtt am Calculix publizéiert ouni vum ILR validéiert ze ginn. E permanenten Austausch mat de Liwweranten erméiglech et, eng grëndlech a regelméisseg Iwwerwaachung vun den Entwécklungen um Maart ze hunn.​

f)        All Websäiten vun Organisatiounen aus dem ëffentleche Secteur solle fir Leit mat Behënnerungen zougänglech sinn.
Den ILR evaluéiert wéi de Calculix nach besser fir Leit mat enger Behënnerung zougänglech gemaach ka ginn.

g)       All Benotzer kann den ILR, iwwert d'Energy Hotline (+352) 28 228 228 oder iwwert d'E-Mail Adress stroumagas@ilr.lu kontaktéieren, fir ongenee Informatioun ze mellen.

h)      All Requête kann anonym gestart ginn. D'Postleitzuel ass néideg fir datt déi Liwweranten kënnen ugewise ginn, déi an de jeeweilegen Uertschaften aktiv sinn.

D'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, beim Ariichte vun engem Benotzerprofil, esou wéi d'Konformitéit mam legale Kader, ginn an der Legaler Notiz erkläert.

Fir Stéit, deckt de Calculix de ganze lëtzebuergesche Stroum- a Gasmaart of. Offeren fir professionell Clienten op der Nidderspannung, sinn op ëffentlech zougänglech Offeren limitéiert, a berouen op fäiwëlleger Participatioun vum Liwwerant.

Den ILR ënnersicht wéi nei dynamesch Offeren, déi an Zukunft no der Ëmsetzung vun der EU Direktive 2019/944 opkomme wäerten, am Calculix integréiert kënne ginn.

Transparenzkrittären6/21/2021 1:00:00 PM2021-06-21T12:42:38Z