Wichteg Bemierkungen

Wichteg Bemierkungenhttps://author.ilr.lu/FR/ILR/Calculix/LU/Wichteg-Bemierkungen/Pages/WichtegBemierkungen.aspxWichteg Bemierkungen
D'Präismodeller am Calculix op ee Bléck

Produit ouni Präisgarantie

Déi allermeeschten Haushaltclienten esou wéi e groussen Deel vun den klengen Professionelle Clienten hunn säit Joren e Stroum- oder Gasliwwerkontrakt no dësem Modell. Dobai ass den Energiepräis an Cent/kWh e fixt Element am Kontrakt. Ännert de Liwwerant de Präis oder d'Konditioiune vum Kontrakt, huet de Liwwerant d'Flicht d'Ännerungen op d'mannst 30 Deeg am Viraus unzekënnegen. Wärend dëser Zäit, huet de Client d'Méiglechkeet säi Kontrakt ze kënnegen, ouni Kënnegungsfrist oder zousätzlech Käschten, virum Akraafttrieden vun den d'Ännerungen.

Produiten mat Präisgarantie

Trotz dem Kënnegungsrecht bei Präisännerungen suergen sech vill Konsumenten, datt kuerz nodeems se de Liwwerant gewiesselt hunn, de Präis an d'Luucht geet an se dann genee esou vill bezuelen wéi virdrun. Vill Leit verzichten dofir op e Wiessel, obwuel se Sue spuere kéinten.

Eng Rei Liwwerante offréieren dofir Präisgarantien, déi se fir eng bestëmmten Zäit verspriechen. Dës Zäitraim sinn deelweis zimmlech anstänneg. Natierlech gëllt dëst och fir an déi aner Richtung. Eng Baisse vum Präis wäert et bei dëse Produiten wärend dem Zäitraum vun der Garantie net ginn.

Bei dëse Produiten mat Präisgarantie sinn speziell d'Konditioune vum Vertrag ze beuechten déi eng virzäiteg Kënnegung, respektiv eng automatesch Verlängerung betreffen.

Produiten mat automatescher Präisupassung

Bei dësem Präismodell gëtt de Präis a bestëmmten Intervallen, z.B. all Mount oder all Trimester, automatesch unhand vun enger vum Liwwerant festgeluechter Formel ugepasst. Dës Formel bezitt sech op een vum Liwwerant ausgewielten Index, wéi z.B. engem Präis op der Bourse oder aneren Indexen. Esou en Index kann zukunftsorientéiert sinn, dat heescht bekannt fir de nächsten Zäitintervall, oder réckbléckend sinn, an deemno net bekannt fir den nächsten Zäitintervall. A béide Fäll heescht dat, datt sech den Energiepräis, deen de Client bezilt, vun engem Zäitintervall op de nächsten ännert. Geet den Index erop, geet och den Energiepräis an d'Luucht, geet den Index erof, bezilt och de Client fir seng Energie in dem respektiven Zäitraum manner. Fir Produiten déi op réckbléckenden Indexe baséieren, kann den aktuelle Präis vum Mount eréischt um Enn vum Mount bestëmmt ginn. Dofir hëlt de Calculix fir d'Berechnung vun de Joresgesamtkäschten de Präis vum Mount virdrun.

D'Berechnungslogik vum Calculix

De Calculix berechent d'Joresgesamtkäschten op Basis vun de gültege Präisser zum Moment vun der Requête, déi dann op ee Joer héichgerechent ginn. D'Käschte vum Mount ginn mat zwielef multiplizéiert. Den ILR mécht keng Prognosen iwwert déi zukünfteg Entwécklung vun de jeweilegen Indexen oder Energiepräisser. Dëst gëllt och fir de Präismodell mat automatescher Präisännerung. Bei dëse Produiten gëtt den Jorespräis unhand vun de Käschte vum aktuelle Präis vum Mount héichgerechent. Präisännerungen am Joer kënnen deemno dozou féieren datt bei der Requête d'Joreskäschten ze niddereg oder ze héich ausfaalen.

Nei Produiten ginn am Calculix ugewisen wann den Datum vun der éischtméiglecher Liwwerung manner wéi 2 Méint an der Zukunft läit.

Präisännerungen bei Produiten ouni Präisgarantie ginn vum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung un gekennzeechent, ouni datt déi zukünfteg Präisännerung an d'Berechnung mat afléisst. Trëtt d'Präisännerung a manner wéi 30 Deeg a Kraaft, esou gëtt de neie Präis fir d'Berechnung vun de Joresgesamtkäschten geholl.

Oft froen d'Konsumenten wéini e bestëmmte Liwwerant fir d'lescht säin Energiepräis geännert huet. Och dës Informatioun steet an der Lëscht vun de Resultater am Calculix. Direkt ënnert dem Präis an den Erspuernesser steet eng Zeil fir d'Präisännerungen. Bei de gebräichleche Produiten steet hei, wéini de Präis fir d'lescht geännert huet. Bei de Produiten mat Präisgarantie, get ugewisen wéi lang dës Garantie gëllt, a bei Produiten mat automatescher Präsiupassung steet an dëser Zeil a wéi engen Ofstänn de Präis ännert, all Mount oder all Trimester, asw.

All d'Donnéeën sinn ouni Garantie. Et ass nëtzlech sech all d'Dokumenter vum Liwwerant unzekucken a sech bei engem méigleche Wiessel ze vergewësseren datt de Liwwerantepräis am Calculix deem entsprécht wat de Liwwerant um Enn verrechent.

Ofwäichen vun ärer aktueller Rechnung

De Calculix ass net geduecht fir är Stroumrechnungen nozekontrolléieren. Är tatsächlech ​Gesamtkäschte kënne vun de berechente Käschten ofwäichen. Grënn dovir kënne follgend sinn:

Dee vun ärer Rechnung ofgedeckten Zäitraum stëmmt net mam Kalennerjoer iwwerteneen

Präisännerung duerch de Liwwerant wärend dem Joer

Ännerung vun de Netzkäschten

Ewechfalen oder bäikomme vun Steieren an Taxen

Variatioun vun ärem Joresverbrauch

Deemno, réit den ILR dem Benotzer vum Calculix, virun engem Wiessel sech d'Konditioune vum Kontrakt unzekucken a besonnesch op Präisdonnéeën, Präsigarantien, Dauer vum Kontrakt esou wéi Kënnegungsfristen opzepassen.

Dynamesch Präismodeller

​Um Spot-Maart, oder Day-Ahead Maart, ginn Stroumquantitéiten op Stonnebasis gehandelt. Fir all Stonn ergëtt sech doduerch e Präis, zu deem Stroum op der Bourse akaf gëtt. De Liwwerzäitpunkt ass fir de nächsten Dag festgeluecht. Nom Handelsofschloss stinn also d'Präisser fir all Stonn vum nächsten Dag fest.

Bei den dynamesche Produiten ginn d'Stonnepräisser op der Bourse dirket vum Liwwerant op d'Clienten weiderginn. De Liwwerant iwwerhëllt de Roll vum Tëschenhändler a verrechent fir d'Vermëttlung vum Stroum Fraisen weider. Dës Fraisen kënnen als alljärleche Forfait, Forfait pro Mount oder a Form vun engem um Verbrauch ofhängegen Supplement verrechent ginn.

Fir de Gebrauch vun dynamesche Produiten ass e Smartmeter noutwenneg well de Verbrauch op Stonnebasis verrechent gëtt. Fir all Stonn gëtt den tatsächleche Verbrauch, an de Boursepräis fir déi jeweileg Stonn gekuckt.

De Verbraucher kritt duerch déi stonnegenau Ofrechnung d'Méiglechkeet säi Verhalen dem aktuelle Boursepräis unzepassen an zum Beispill gréissere Verbrauch an Zäite mat niddregem Präis ze verleeën.

D'Ofrechnung zu Boursepräisser fir all Stonn bréngt awer och Risike mat sech. Um Stroummaart kann et zu jidderzäit zu Präisspëtze kommen. Mat esou Präisspëtze muss zu all Moment gerrechent ginn. Déi deeglech Präisprofiler mussen op Präisspëtzen ënnersicht ginn a wa néideg muss mat effizientem Verbrauchsverhalen entgéintgewierkt ginn. Dauerhaft Haussen vum Boursepräis musse suivéiert ginn an d'Käschten vun dynamesche Produiten solle regelméisseg mat anere Produiten verglach ginn.

Dynamesch Produiten sinn nëmmen fir Clienten ze recommandéieren, déi sech mat Brousepräisser auserneesetze kënnen a wëllen, respektiv mat enger smarter Home Automatiséierung schaffen. Nëmmen esou kann dann de Risiko vun onerwaarten Präisschwankungen minimiséiert ginn an d'Verbrauchsverhalen effizient un d'Boursepräisser ugepasst ginn fir doduerch och Geld anzespueren.

Wichteg Bemierkungen zum Verglaich vun dynamesche Produiten am Calculix:

Am Calculix ginn dynamesch Produiten eenzeg unhand vun den zousätzleche Fraisen verglach, déi duerch d'Vermëttlung vum Boursepräis vum Liwwerant verrechent ginn. De Gesamtsupplement kann sech aus engem Forfait an EUR/Joer an engem um Verbrauch ofhängegen Supplement an Cent/kWh zesummesetzen. Am Verglach ass den tatsächlechen Energiepräis net mat abegraff, well dëse Präis eréischt an der Zukunft bekannt gëtt. D'Boursepräisser sinn ganz dynamesch a vu ville Faktoren ofhängeg, dofir kënne mir keng genau Prognosen fir déi zukünfteg Präisentwécklung maachen.

D'Boursepräisser déi engem Produit zugronn leien ginn vum Liwwerant am Präisblat esou wéi am Calculix ausgewisen. Je no Produit kënnen des Boursepräisser ënnerschiddlech sinn. Déi fir Lëtzebuerg relevant Day-Ahead Boursepräisser ginn an der Regel un der Stroumbourse EPEX SPOT gehandelt.

Produiten kënnen e Präsideckel vum Liwwerant kréien, dofir gëtt eng iewescht Limitt vum Energiepräis uginn. Klëmmt den Energiepräis op der Bourse iwwert d'Limitt, gëtt de gedeckelte Präis verrechent. Dës Produiten sinn am Calculix gekennzeechent. D'Bedéngungen sinn um Präisblat ze fannen.​

Wichteg Bemierkungen9/30/2020 2:00:00 PM2022-10-14T07:16:12Z